FOCUS-INSCRIPTION EN LIGNE
Pour les inscriptions des structures (inscriptions multiples) veuillez télécharger le formulaire ci-joint.
Public cible
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Langue

Participants
15
Durée
6 h
Description
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Wëllt Dir rausfanne, wéi Kanner ënner dräi Joer um Alldag deelhuelen kënnen a léieren Entscheedungen ze treffen, och wann d'Sprooch an d'Selbstännegkeet nach an der Entwécklung sinn? Dës Formatioun hëlt den Drock eraus a weist op eng praktesch Manéier: Bezéiunge sinn de Schlëssel. Dir wäert entdecken, wéi vill Dir als Professionell scho bäidréit - duerch Är Astellung, Är Perceptioun an Ären Dialog mat de Kanner. De Fokus läit drop, wéi een erfollegräich Bezéiunge mat Kanner ënner dräi Joer opbaut - a wéi dëst Méiglechkeete fir Erfaarung vu Selbstwierksamkeet, Bedeelegung a (Mat-)Entscheedung erméiglecht.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
Dës Formatioun invitéiert d'Participanten, iwwert hir eege Praxis nozedenken, sech géigesäiteg z'inspiréieren a gestäerkt an den Alldag an der Crèche zréckzegoen. Duerch d' Reflektéieren an d' Erkenne vun den eege Ressourcen, Fäegkeeten a Stäerkte gëtt d' pädagogesch Haltung gestäerkt. Kléng (theoretesch) Impulser a praktesch Fallbeispiller suergen dobäi fir eng fundéiert Grondlag a konkret Ëmsetzungsméiglechkeeten fir den Alldag. De Kompetenzlabo bitt iwwer Prozessbegleedung och Ënnerstëtzung & Begleedung beim Transfert an d' Praxis.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
- D'Viraussetzungen ze schafe fir Participatioun, Engagement a Selbstbestëmmung an der Crèche ze erliewen.
- Vertrauen am Ëmgang mat Participatioun bei Kanner ënner dräi Joer ze kréien.
- Eegen Ressourcen, Fäegkeeten a Stäerkten ze erkennen a notzen.
- Bezéiungsopbau als Basis fir d'Participatioun vu Kanner ze erliewen.
- D'Wëssen iwwer d'Entwécklung vu Kanner an eng entspriechend Kommunikatioun opzefrëschen.
- Konkret a praktesch Iddie fir déi alldeeglech pädagogesch Praxis ze entwéckelen.
Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:
Loscht op Austausch & Reflektioun
WOLF Clara
Educatrice Graduée, Formatrice, Fachbegleederin
Kompetenzlabo KannermuséePLOMM
Formateur(s)
WOLF Clara
dates disponibles
Session 1 (Référence : FOC_003504)*
Avenue Gaston Diderich50
L-1420
LUXEMBOURG
-
Du 20/04/2027
de 09:00 à 12:00
Au 20/04/2027
-
Du 20/04/2027
de 13:00 à 16:00
Au 20/04/2027
15 place(s) disponible(s)
* Repas non compris
tarif
ARCUS : 0€
Externe : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu
Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.