FOCUS-INSCRIPTION EN LIGNE
Pour les inscriptions des structures (inscriptions multiples) veuillez télécharger le formulaire ci-joint.
Public cible
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Langue

Participants
10
Durée
8 h
Description
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Dës Formatioun riicht sech un all Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi am Kader vun hirer Aarbecht mat Camionnettë oder Minibusser fueren. Am Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) zu Colmar-Bierg ginn déi wichtegst theoretesch a praktesch Aspekter vum sécheren a verantwortungsbewosste Fueren thematiséiert an ageüübt. D'Participanten hunn d'Méiglechkeet, hir Fuerkompetenzen ze verdéiwen, sech mat Sécherheetsaspekter auserneenzesetzen an e méi bewossten Ëmgang mam Gefier am Beruffsalldag ze entwéckelen.
Wéi gëtt an dëser Weiderbildung nohalteg geléiert an den Transfer an d’Praxis ënnerstëtzt?
Duerch praktesch Exercicer, konkret Situatiounen aus dem Alldag an de gemeinsamen Austausch ginn d'Participanten fir déi verschidden Aspekter vun hirer Roll als Chauffer sensibiliséiert. D'Formatioun setzt gezielt bei de perséinleche Kompetenze vum Chauffeur un, well d'Selbstkenntnis an d'Reflexioun vum eegene Verhalen eng zentral Roll fir d'Sécherheet spillen. Déi praktesch an theoreetesch Elementer ergänzen sech géigesäiteg a fërderen den direkten Transfer vum Geléierten an de Beruffsalldag.
No dëser Weiderbildung sidd Dir an der Lag
No dëser Formatioun sidd Dir fäeg méi sécher a méi bewosst mat engem Minibus oder enger Camionnette am Stroosseverkéier ënnerwee ze sinn. D'Participanten stäerken hir Kompetenzen am Beräich vun der Verkéierssécherheet, erkennen potenziell Risiken éischter a kënnen hir Fuerweis un déi verschidde Situatiounen upassen. D'Formatioun dréit dozou bäi, d'Sécherheet vum Chauffeur, vun den Insassen an och vun allen anere Verkéiersparticipantë ze erhéijen. Gläichzäiteg gëtt d'Selbstkenntnis weiderentwéckelt, fir dat eegent Verhalen um Steier besser anzeschätzen an verantwortungsvoll ze handelen.
W.e.g. bréngt Folgendes mat op d’Weiderbildung
- Déi maximal Unzuel u Participanten pro Formatioun ass 10 Persounen
- Déi minimal Unzuel u Participanten ass 6 Persounen
- Maximal 2 Persounen däerfen mat deemselwechte Gefier (Camionnette/Minibus) un der Formatioun deelhuelen
- D'Participante mussen d'Sprooch, an där d'Formatioun ofgehale gëtt, verstoen a schwätzen.
Beim Ukommen op der Formatiounsplaz mussen d'Participanten hire gültege Führerschäin souwéi de gültegen Versécherungsnowäis vum Gefier virweisen, dat während der Formatioun benotzt gëtt.
Centre de Formation pour Conducteurs - CFC
Formateur(s)
Centre Conducteurs Colmar Berg
dates disponibles
Session 1 (Référence : FOC_003646)*
Rue François Krack
L-7737
COLMAR-BERG
-
Du 19/03/2027
de 08:00 à 12:00
Au 19/03/2027
-
Du 19/03/2027
de 13:00 à 17:00
Au 19/03/2027
2 place(s) disponible(s)
* Repas non compris
tarif
ARCUS : 0€
Externe : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu
Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.