FOCUS-INSCRIPTION EN LIGNE

Pour les inscriptions des structures (inscriptions multiples) veuillez télécharger le formulaire ci-joint.

Management et cadre réglementaire
Gutt Intentiounen maachen nach laang keng gutt Equipe

Public cible

Personnel dirigeant
Personnel dirigeant

Langue

Participants

12

Durée

14 h

Description

Firwatsollt Dir Iech aschreiwen?

Eng Ekipp funktionéiert net automatesch, just well Leit zesummeschaffen. Dës Formatioun bitt Tools un fir ze léieren Vertrauen opzebauen, Spannungen unzeschwätzen, Reegelen ze klären a konkret Engagementer ze definéieren. Fir aus engem Grupp vu Leit eng richteg Ekipp ze maachen - mat méi Kloerheet, Menschlechkeet a Wierksamkeet am Alldag. 

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?

Déi praktesch Ëmsetzung gëtt duerch eng Ofwiesslung vu theoreteschen Inputen, Übunge fir d'Selbstreflexioun, Coaching-Sequenzen, Austausch tëscht de Participanten an d'Analys vu konkrete Situatiounen aus dem Beruffsalldag gefuerdert. Dës Approche erméiglecht et de Participanten, direkt de Bezuch tëscht den Inhalter vun der Formatioun an hirer eegener Praxis hierzestellen. D'Instrumenter an d'Methoden, déi vermëttelt ginn, kënnen direkt am berufflechen Alldag agesat ginn a fuerderen eng méi bewosst Reflexioun iwwer déi eege professionell Haltung an d'Begleedung vu Beneficiairen.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:

  • Déi eege Besoinen an déi vun der Ekipp ausdrécken a verstoen
  • Kloer Reegelen, Rollen a Waerter als Grupp kënnen definéieren
  • Spannungen oder Onkloerheeten a Bezéiungsdynamiken erkennen 
  • Gemeinsam Engagementer fir d'Zesummenaarbecht kënnen opbauen
  • Verantwortung iwwerhuelen an aktiv zum Equipengeescht bäidroen

Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:

Fir voll an ganz vun der Formatioun ze profitéieren, brauche Participanten virun allem Oppenheet, Engagement an de Wëllen, sech op eng éierlech Selbstreflexioun anzeloossen. D'Bereetschaft, seng eege Praxis ze hannerfroen an aktiv um Austausch deelzehuelen, ass eng wichteg Viraussetzung fir nohalteg Léiereffekter.

 

 

NETTI Aurélie

Mastercoach & Educatrice graduée

Formateur(s)

NETTI Aurélie

dates disponibles

Session 1 (Référence : FOC_003645)*

(à définir)

  • Du 21/04/2027 de 09:00 à 12:00 Au 21/04/2027
  • Du 21/04/2027 de 13:00 à 16:00 Au 21/04/2027
  • Du 22/04/2027 de 09:00 à 12:00 Au 22/04/2027
  • Du 22/04/2027 de 13:00 à 16:00 Au 22/04/2027
  • Du 10/06/2027 de 10:00 à 12:00 Au 10/06/2027

11 place(s) disponible(s)

* Repas non compris

tarif

ARCUS : 0€
Externe : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Besoin d'une formation, du soutien pédagogique ou d'un accompagnement professionnel (coaching/supervision) sur mesure?