FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Valeurs, participation et démocratie
Op Aenhéicht – Bezéiung an Dialog als Schlëssel fir Bedeelegung an der Maison Relais

Zielgruppe

Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Personnel encadrant, Personnel dirigeant

Sprache

Teilnehmer

15

Dauer

6 St.

Beschreibung

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?

Wëllt Dir erausfanne, wéi Participatioun an enger Maison Relais am Alldag konkret gelieft ka ginn? Wéi Kanner bei de ville klenge a grousse Momenter vum Dag matschwätze kënnen, och ouni formell Kannergremien oder fest Strukturen? Dës Formatioun weist op eng praktesch a realistesch Aart a Weis, wéi Participatioun an de Schlësselsituatioune vum Alldag entsteet. Dobäi gëtt däitlech, dass Participatioun net nëmmen a spezielle Versammlunge stattfënnt, mee an der Qualitéit vun den deeglechen Interaktiounen tëscht Kanner a Fachpersonal.Dir entdeckt, wéi vill Dir als Professionell schonn haut dozou bäidréit – duerch Är Haltung, Är Opmierksamkeet an Ären Dialog mat de Kanner.

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt? 

Dës Formatioun invitéiert d'Participanten, iwwert hir eege Praxis nozedenken, sech géigesäiteg z'inspiréieren a gestäerkt an den Alldag an der Maison Relais zréckzegoen.

Duerch d' Reflektéieren an d' Erkenne vun den eege Ressourcen, Fäegkeeten a Stäerkte gëtt d' pädagogesch Haltung gestäerkt.

Kléng (theoretesch) Impulser a praktesch Fallbeispiller suergen dobäi fir eng fundéiert Grondlag a konkret Ëmsetzungsméiglechkeeten fir den Alldag.
De Kompetenzlabo bitt iwwer Prozessbegleedung och Ënnerstëtzung & Begleedung beim Transfert an d' Praxis.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag: 

  • Déi eege professionell Haltung als wichteg Grondlag fir Bedeelegung ze reflektéieren
  • Bezéiungen als Basis fir Participatioun, Engagement a Selbstwierksamkeet ze verstoen
  • Kanner an hire Kompetenzen, Interessien a Perspektive bewosst an den Alldag anzebannen
  • Participatioun als Deel vun den alldeegleche Schlësselsituatiounen an der Maison Relais ze verstoen an ëmzesetzen
  • Méiglechkeete fir reell Matbestëmmung a Matgestaltung am Alldag ze erkennen an ze notzen
  • Konkret a praktesch Handlungsusätz fir eng partizipativ Gestaltung vum Alldag entwéckelen.D'Qualitéit vun den Interaktiounen tëscht Kanner a Fachpersonal als Schlëssel fir geléngend Participatioun erkennen

Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun: 

Loscht op Austausch & Reflektioun

WOLF Clara

Educatrice Graduée, Formatrice, Fachbegleederin

Kompetenzlabo Kannermusée PLOMM

Referent

WOLF Clara

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003503)*
rue Charles Lambert 19
L-9537 WILTZ

  • Du 19/04/2027 von 09:00 bis 12:00 Au 19/04/2027
  • Du 19/04/2027 von 13:00 bis 16:00 Au 19/04/2027

verfügbare Plätze 15

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?