FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Orientation pédagogique
Maach wat ech soen... mee kuck net wat ech maachen.

Zielgruppe

Personnel encadrant
Personnel encadrant

Sprache

Teilnehmer

12

Dauer

9 St.

Beschreibung

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?

Als Fachpersoun begleede mir Mënschen all Dag bei Verännerungsprozesser. Mir encouragéieren si, Verantwortung ze iwwerhuelen, Grenzen ze setzen, Entscheedungen ze treffen oder nei Gewunnechten z'entwéckelen. Gläichzäiteg si mir selwer och Mënschen, mat eegenen Automatismen, Emotiounen a blanne Flecken. Dës Formatioun invitéiert d'Participanten dozou, hir eege professionell Haltung ze reflektéieren. Si beschäftegt sech mat der Spigelwierkung an der Fro, wéi staark eis eegent Verhalen, eis Kommunikatioun an eis Haltung den Erfolleg vun enger Begleedung beaflossen. Well dat, wat mir virliewen, huet dacks méi Wierkung wéi dat, wat mir erklären.

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?

Déi praktesch Ëmsetzung gëtt duerch eng Ofwiesslung vu theoreteschen Inputen, Übunge fir d'Selbstreflexioun, Coaching-Sequenzen, Austausch tëscht de Participanten an d'Analys vu konkrete Situatiounen aus dem Beruffsalldag gefërdert. Dës Approche erméiglecht et de Participanten, direkt de Bezuch tëscht den Inhalter vun der Formatioun an hirer eegener Praxis hierzestellen. D'Instrumenter an d'Methoden, déi vermëttelt ginn, kënnen direkt am berufflechen Alldag agesat ginn a fërderen eng méi bewosst Reflexioun iwwer déi eege professionell Haltung an d'Begleedung vu Beneficiairen.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:

  • hir eege emotional Reaktiounen am Kontakt mat de Beneficiairen besser erkennen
  • verstoen, firwat verschidde Situatiounen oder Verhalen bei hinnen staark Reaktiounen ausléisen
  • tëscht hiren eegene perséinleche Wäerter an hirer professioneller Haltung ënnerscheeden
  • eng méi bewosst, kohärent a kongruent professionell Haltung entwéckelen
  • hiren edukativen Impakt stäerken, andeems si déi Verännerungen, déi si bei de Beneficiaire wëllen ënnerstëtzen, selwer méi staark virliewen
  • d'Selbstreflexioun als Instrument fir hir professionell Weiderentwécklung notzen

Bréngt w.e.g Folgendes mat op d'Formatioun:

Fir voll an ganz vun der Formatioun ze profitéieren, brauche Participanten virun allem Oppenheet, Engagement an de Wëllen, sech op eng éierlech Selbstreflexioun anzeloossen. D'Bereetschaft, seng eege Praxis ze hannerfroen an aktiv um Austausch deelzehuelen, ass eng wichteg Viraussetzung fir nohalteg Léiereffekter.

 

 

NETTI Aurélie

Mastercoach & Educatrice graduée

Referent

NETTI Aurélie

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003748)*
Avenue Gaston Diderich52b
1420 LUXEMBOURG

  • Du 24/11/2027 von 09:00 bis 12:00 Au 24/11/2027
  • Du 24/11/2027 von 13:00 bis 16:00 Au 24/11/2027
  • Du 25/11/2027 von 09:00 bis 12:00 Au 25/11/2027

verfügbare Plätze 12

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?