FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Mouvement, Conscience corporelle et santé
D'Geméis ass net de Problem - Firwat d'Ëmfeld den Ënnerscheed mecht

Zielgruppe

Personnel encadrant

Sprache

Teilnehmer

15

Dauer

6 St.

Beschreibung

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen? 

Eng gesond Ernährung entsteet net nëmmen um Teller. Iessgewunnechte gi vu Virbiller, Ritualer, der Atmosphär an dem ganze Liewensëmfeld gepräägt. An dëser Formatioun entdeckt Dir, wéi pädagogescht Fachpersonal Kanner nohalteg op hirem Wee zu engem gesonden Iessverhale begleede kann.Frëed Iech op praxisno Impulser, wëssenschaftlech fundéiert Wëssen a konkret Iddien, déi Dir direkt an Ärer Ariichtung ëmsetze kënnt.

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt? 

Dës Formatioun verbënnt aktuell wëssenschaftlech Erkenntnisser mat interaktive Methoden, Reflexioun a praxisnoe Beispiller. Zesumme analyséiere mir Alldagssituatiounen, entwéckele konkret Léisungsusätz an erarbechte Moossname fir d'Ëmsetzung an der eegener Ariichtung.Den Austausch mat aneren Deelhuelerinnen an Deelhueler, praktesch Aarbechtsinstrumenter a Checklëschten ënnerstëtzen Iech dobäi, dat Geléiert nohalteg an ouni groussen Opwand an de pädagogeschen Alldag z'integréieren.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag: 

  • de systemeschen Usaz an der Ernärungsbildung ze verstoen an, an der Praxis unzewenden.
  • Facteuren ze erkennen, déi d'Iessverhale vu Kanner beaflossen.
  • en gesondheetsfërdernd Iessëmfeld an der Ariichtung aktiv matzegestalten.
  • Moolzechten an Iesssituatiounen bewosst pädagogesch ze begleeden.
  • Kanner an hirer Selbststännegkeet an, an hirer positiver Bezéiung zum Iessen ze stäerken.
  • Elteren, souwéi Kolleeginnen a Kolleegen, fir eng gemeinsam Iesskultur ze sensibiliséieren.
  • konkret Moossname fir d'Fërderung vun enger gesonder Ernierung am Team ze entwéckelen.

Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun: 

  • Oppenheet fir nei Perspektiven.
  • Interessi um fachlechen Austausch.
  • Eegen Erfarungen a Froestellungen aus dem Beruffsalldag.
  • Schreifmaterial oder en digitalen Apparat fir Notizen ze maachen.

 

 

ROSQUIN Stephanie

Dieticienne

Referent

ROSQUIN Stéphanie (Freelance)

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003519)*
Avenue Gaston Diderich52b
1420 LUXEMBOURG

  • Du 18/06/2027 von 09:00 bis 12:00 Au 18/06/2027
  • Du 18/06/2027 von 13:00 bis 16:00 Au 18/06/2027

verfügbare Plätze 15

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

ARCUS : 0€

Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?