FOCUS-INSCRIPTION EN LIGNE

Pour les inscriptions des structures (inscriptions multiples) veuillez télécharger le formulaire ci-joint.

Langue, communication et médias
Spille, schwätze, staunen - Sproochereesen an der Natur

Public cible

Personnel encadrant
Personnel encadrant

Langue

Participants

15

Durée

7 h

Description

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?

Dës Formatioun vermëttelt praktesch Iddien a Spiller, déi d’Kanner am Fräien erliewe kënnen – an dat mat engem Fokus op de plurilinguellen Aspekt. D’Zil ass et, d’Natur nei ze entdecken, natierlecht Material kreativ ze notzen a Sproochen op eng spilleresch Aart an d’Ëmweltaktivitéiten anzebannen. Mir stäerken d’Sproochentwécklung, d’Verbindung zur Natur an d’Kreativitéit vun de Kanner.

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?

Fir datt Dir d'Fortbildungsinhalter direkt an Ärem Aarbechtsalldag ëmsetze kënnt, gëtt op eng praxisorientéiert Methodik gesat:

Léieren duerch eegent Erliewen: All Spiller an Aktivitéite ginn an der Formatioun selwer ausprobéiert. Wat ee selwer erlieft huet, ka een dono méi einfach vermëttelen.
Direkten Transfer ouni vill Material: Mir schaffe mat Saachen, déi direkt an der Natur ze fanne sinn. Dat garantéiert eng spontan Ëmsetzung am Alldag – ouni laang Virbereedungszäit oder deiert Material.
Praxis-Reflexioun: Wärend der Formatioun verkneppe mir d'Theorie direkt mat Ären individuellen Erfarungen aus dem Alldag fir moossgeschneidert Iddien ze entwéckelen.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • d'Méisproochegkeet gezilt an Alldagsaktivitéite mat abannen
  • Kanner an hirem natierleche Sproocheräichtum valoriséieren
  • D’Natur als léierräichen Entwécklungsraum verstoen
  • Methodesch Tools a Spiller kennen
  • wësse wéi d’Natur d’Entwécklung vum Kand op ville Niveauen ënnerstëtzt

Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:

  • Wiederugepasste Kleeder
  • Gutt Schong fir an de Bësch
  • Bidon mat Waasser

 

 

THILL Kina

éducatrice graduée

Formateur(s)

THILL Kina

dates disponibles

Session 1 (Référence : FOC_003425)*

(à définir)

  • Du 30/06/2027 de 09:00 à 12:00 Au 30/06/2027
  • Du 30/06/2027 de 13:00 à 17:00 Au 30/06/2027

13 place(s) disponible(s)

* Repas non compris

tarif

ARCUS : 0€
Externe : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Besoin d'une formation, du soutien pédagogique ou d'un accompagnement professionnel (coaching/supervision) sur mesure?