FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN
Zielgruppe
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Personnel encadrant, Personnel dirigeant
Sprache

Teilnehmer
15
Dauer
6 St.
Beschreibung
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Wëllt Dir erausfanne, wéi Participatioun an enger Maison Relais am Alldag konkret gelieft ka ginn? Wéi Kanner bei de ville klenge a grousse Momenter vum Dag matschwätze kënnen, och ouni formell Kannergremien oder fest Strukturen? Dës Formatioun weist op eng praktesch a realistesch Aart a Weis, wéi Participatioun an de Schlësselsituatioune vum Alldag entsteet. Dobäi gëtt däitlech, dass Participatioun net nëmmen a spezielle Versammlunge stattfënnt, mee an der Qualitéit vun den deeglechen Interaktiounen tëscht Kanner a Fachpersonal.Dir entdeckt, wéi vill Dir als Professionell schonn haut dozou bäidréit – duerch Är Haltung, Är Opmierksamkeet an Ären Dialog mat de Kanner.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
Dës Formatioun invitéiert d'Participanten, iwwert hir eege Praxis nozedenken, sech géigesäiteg z'inspiréieren a gestäerkt an den Alldag an der Maison Relais zréckzegoen.
Duerch d' Reflektéieren an d' Erkenne vun den eege Ressourcen, Fäegkeeten a Stäerkte gëtt d' pädagogesch Haltung gestäerkt.
Kléng (theoretesch) Impulser a praktesch Fallbeispiller suergen dobäi fir eng fundéiert Grondlag a konkret Ëmsetzungsméiglechkeeten fir den Alldag.
De Kompetenzlabo bitt iwwer Prozessbegleedung och Ënnerstëtzung & Begleedung beim Transfert an d' Praxis.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
- Déi eege professionell Haltung als wichteg Grondlag fir Bedeelegung ze reflektéieren
- Bezéiungen als Basis fir Participatioun, Engagement a Selbstwierksamkeet ze verstoen
- Kanner an hire Kompetenzen, Interessien a Perspektive bewosst an den Alldag anzebannen
- Participatioun als Deel vun den alldeegleche Schlësselsituatiounen an der Maison Relais ze verstoen an ëmzesetzen
- Méiglechkeete fir reell Matbestëmmung a Matgestaltung am Alldag ze erkennen an ze notzen
- Konkret a praktesch Handlungsusätz fir eng partizipativ Gestaltung vum Alldag entwéckelen.D'Qualitéit vun den Interaktiounen tëscht Kanner a Fachpersonal als Schlëssel fir geléngend Participatioun erkennen
Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:
Loscht op Austausch & Reflektioun
WOLF Clara
Educatrice Graduée, Formatrice, Fachbegleederin
Kompetenzlabo Kannermusée PLOMM
Referent
WOLF Clara
Verfügbare Daten
Terminblock 1 (Referenz FOC_003503)*
rue Charles Lambert 19
L-9537
WILTZ
-
Du 19/04/2027
von 09:00 bis 12:00
Au 19/04/2027
-
Du 19/04/2027
von 13:00 bis 16:00
Au 19/04/2027
verfügbare Plätze 15
* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen
Tarif
ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu
Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.