FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Valeurs, participation et démocratie
Experience DigiLoom & Expo Everywhere All The Time - Digital Welten kritesch entdecken & spilleresch erliewen

Zielgruppe

Personnel encadrant
Personnel encadrant

Sprache

Teilnehmer

20

Dauer

2 St.

Beschreibung

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?

Am Mëttelpunkt steet déi interaktiv Ausstellung „Everywhere all the Time“ vun der Organisatioun Tactical Tech. De Zentrum fir politesch Bildung huet d’Ausstellung liicht ugepasst a stellt se fir d’pädagogesch Aarbecht mat Jugendlechen gratis zur Verfügung. D’Fortbildung weist de pädagogesche Fachkräften, wéi si d’Interaktiv-Ausstellung zesumme mat Jugendleche besiche kënnen, d’Inhalter opgräifen a pädagogesch begleede kënnen.

D’Ausstellung vermëttelt mat Hëllef vu Plakater mat liicht verständlechen Informatiounen an illustrativen Darstellungen Wëssen zu den Themen Écranzäit, Kënschtlech Intelligenz, Algorithmen, dem Verhältnis tëscht Online an Offline souwéi de materielle a mënschleche Ressourcen, déi fir digital Technologien néideg sinn.

D’Fortbildung ass am Beräich vun der Medienbildung anzestufen. Si beschäftegt sech mat digitale Phänomener wéi Kënschtlecher Intelligenz an Algorithmen an och mat hiren Auswierkungen an Erausfuerderungen. Dobäi ginn d’Participanten dobäi ënnerstëtzt, Jugendlecher zu enger kritescher Ausernanersetzung mat hirer digitaler Liewenswelt unzereegen an e bewossten a reflektéierten Ëmgang mat digitalen Technologien ze fërderen.

D’Ausstellung passt an d’Gesamtkonzept vum Digiloom: E kritesche Bléck op digital Technologien bedeit net, se ze vermeiden, mee se bewosst a reflektéiert ze benotzen. Et geet éischter drëm, sech bewosst mat der Fro auserneenzesetzen, wéi digital Technologien sënnvoll, reflektéiert a verantwortungsvoll kënne genotzt ginn.

No dëser Fortbildung sidd Dir an der Lag

D’Fortbildung bereet pädagogesch Fachkräften dorop vir, d’Mitmach-Ausstellung „Everywhere all the Time“ zesumme mat Jugendlechen ze entdecken an hir Inhalter pädagogesch ze begleeden. D’Fortbildung ass an en theoreteschen an en interaktiven Deel opgedeelt.

Am éischten Deel kréien d’Participanten eng Aféierung an d’Ausstellung souwéi Informatiounen doriwwer, wéi d’Ausstellung zesumme mat Jugendlechen entdeckt a pädagogesch begleet ka ginn.

Am zweeten Deel entdecken d’Participanten d’Ausstellung selwer a Begleedung vun der Formatrice oder dem Formateur. Duerno ginn d’Inhalter zesumme reflektéiert an diskutéiert. Dobäi setzen d’Participanten sech zesumme mat der Formatrice oder dem Formateur mat méigleche Froen a Gespréichsuleedungen auserneen, déi bei Jugendlechen am Kader vun engem Besuch vun der Ausstellung entstoe kënnen.

Ausserdeem ginn d’Méiglechkeeten thematiséiert, wéi d’Inhalter vun der Ausstellung opgegraff an an déi pädagogesch Aarbecht mat Jugendlechen integréiert kënne ginn. D’Participante kréien Ureegungen, wéi si Jugendlecher zu enger kritescher Ausernanersetzung mat digitale Medien encouragéiere kënnen an d’Themen aus der Ausstellung an hirer pädagogescher Aarbecht opgräifen a verdéiwe kënnen.

D’Fortbildung verbënnt fachlech Inputen, déi eegestänneg Entdeckung vun der interaktiver Ausstellung, individuell a gemeinsam Reflexioun, Diskussiounen souwéi e praxisorientéierten Austausch iwwer d’Méiglechkeete vun der pädagogescher Begleedung an der Weiderbeschäftegung mat den Ausstellungstheme mat Jugendlechen.

Zousätzlech léieren d’Participanten aner Offere kennen, mat deenen dës Themen nom Besuch vun der Ausstellung weider behandelt a verdéift kënne ginn.

Uschléissend besteet d’Méiglechkeet, d’Raimlechkeete vum Digiloom kennenzeléieren an en Abléck an déi do zur Verfügung stoend Offeren a Méiglechkeete fir d’pädagogesch Aarbecht mat Jugendlechen ze kréien.

Methoden 

  • Jugendlecher bei der Entwécklung vun engem bewossten, verantwortungsvollen a selbstbestëmmten Ëmgang mat digitalen Technologien ze begleeden an ze ënnerstëtzen.
  • Eng reflektéiert Haltung vis-à-vis vun digitalen Technologien an hirem Afloss op d’Gesellschaft an den Alldag weiderzeentwéckelen.
  • Déi zentral Inhalter an Themeberäicher vun der interaktiver Ausstellung „Everywhere all the Time“ kennenzeléieren, besonnesch Écranzäit, generativ KI, Algorithmen, d’Verhältnis tëscht Online an Offline souwéi déi materiell a mënschlech Ressourcen, déi mat digitalen Technologien verbonne sinn.
  • Dat mediepädagogescht Wëssen auszebauen an Abléck an déi gesellschaftlech Auswierkungen an Erausfuerderunge vun digitalen Technologien ze kréien.
  • D’Ausstellung zesumme mat Jugendlechen ze entdecken an hir Inhalter pädagogesch ze begleeden.
  • Gespréichsuleedungen ze erkennen an opzegräifen, déi eege Positiounen a Froen ze reflektéieren an Gespréicher an Diskussiounen iwwer digital Technologien an hir gesellschaftlech an ëmweltbezunnen Auswierkungen ze begleeden.
  • Jugendlecher zu enger kritescher Ausernanersetzung mat digitale Medien unzereegen an d’Themen aus der Ausstellung an der eegener pädagogescher Aarbecht opzegräifen a weider ze verdéiwen.
  • Weider Offeren kennenzeléieren, mat deenen dës Themen nom Besuch vun der Ausstellung weider behandelt a verdéift kënne ginn.

 

 

MERENZ Samira

Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)

Referent

MERENZ Samira

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003633)*
rue des Mérovingiens12
L-8070 LUXEMBOURG

  • Du 28/10/2026 von 17:00 bis 19:00 Au 28/10/2026

verfügbare Plätze 20

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?