FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Sciences et technique
Feier a Flam fir de Wanter

Zielgruppe

Personnel encadrant
Personnel encadrant

Sprache

Teilnehmer

15

Dauer

7 St.

Beschreibung

Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?

„Et gëtt kee schlecht Wieder, et gi just falsch Kleeder.“ – Déi Ausso kenne mir alleguer, mee wéi liewen mir en am Alldag? Wann d’Deeg méi kuerz ginn an d’Temperature falen, zitt et vill vum Personal an d’Kanner an dee waarme Sall. Dobäi bitt de Wanter eng faszinéierend Léierwelt, déi d’Sënner an d’Resistenz vun de Kanner stäerkt.
Dës Formatioun hëlleft Iech, d’Angscht virun der Keelt an der Nätzt ze verléieren an de pädagogesche Wäert vum „Rausgoen am Wanter“ nei ze entdecken.
D’Beweegung spillt am Wanter eng zentral Roll, ganz nom Motto "Wie flénk flitt, dee fréiert net"!
An der Mëttesstonn kache mir zesummen um oppene Feier an entdecken dëst als e mächtegt pädagogescht Instrument. D'Feier bitt net nëmmen eng natierlech Hëtztquell, mee stäerkt och d'Gemeinschaft an den Teamgeescht.

Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?

Fir datt Dir d'Fortbildungsinhalter direkt an Ärem Aarbechtsalldag ëmsetze kënnt, gëtt op eng praxisorientéiert Methodik gesat:
Léieren duerch eegent Erliewen: All Spiller an Aktivitéite ginn an der Formatioun selwer ausprobéiert. Wat ee selwer erlieft huet, ka een dono méi einfach vermëttelen.
Direkten Transfer ouni vill Material: Mir schaffe mat Saachen, déi direkt an der Natur ze fanne sinn. Dat garantéiert eng spontan Ëmsetzung am Alldag – ouni laang Virbereedungszäit oder deiert Material.
Praxis-Reflexioun: Wärend der Formatioun verkneppe mir d'Theorie direkt mat Ären individuellen Erfarungen aus dem Alldag fir moossgeschneidert Iddien ze entwéckelen.

No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • Den edukativen a gesondheetleche Wäert vum Rausgoen am Wanter begrënnen an an de pädagogeschen Alldag integréieren
  • Geziilt Beweegungsspiller an Aktivitéiten emsetzen, fir d'Kanner och bei kalen Temperaturen aktiv a waarm ze halen.
  • D’Kreativitéit vun de Kanner duerch Naturatelieren an d'Entdecke fërderen.
  • Praktesch organisatoresch Léisungen (richteg Kleedung, Sécherheet, Material) ëmzesetzen, fir den Ausfluch an d'Keelt fir de Grupp sécher a komfortabel ze gestalten.
  • Risiken am Ëmgang mat oppenem Feier mat Kanner zouverlässeg erkennen a miniméieren

Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:

  • Wiederugepasste Kleeder (dass dir net naass oder kal gitt)
  • Gutt Schong fir an de Bësch
  • Bidon mat Waasser/Théi...

 

 

THILL Kina

éducatrice graduée

Referent

THILL Kina

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003422)*

(à définir)

  • Du 24/02/2027 von 09:00 bis 12:00 Au 24/02/2027
  • Du 24/02/2027 von 13:00 bis 17:00 Au 24/02/2027

verfügbare Plätze 15

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu

Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.

Inscription avec ID - MENJE
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?