FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Zielgruppe
Pädagogische Fachkräfte
Sprache
Teilnehmer
15
Dauer
14 St.
Beschreibung
Fortbildungsbeschreibung:
Participatioun an der Kanner- a Familljenhëllef bedeit, Kanner aktiv an Entscheedungen anzebannen a si matbestëmme loossen. Awer wéi soll dat an eisem stressegen Alldag ëmgesat ginn? Et geet drëm, Versteesdemech fir Participatioun z'entwéckelen, fir ze verstoen, wéi dës d'Liewe vun de Kanner a Jugendlecher a Foyeren, Wunngruppen asw. beaflosst. Mat engem Fokus op Kannerrechter, besonnesch d'Recht op Matbestëmmung léieren d'Erwuessener, wéi si d'Rechter am Alldag uwenden a kommunikativ Hindernisser iwwerwannen. D’Zesummenaarbecht am Team spillt eng zentral Roll, a visuell Hëllefsmëttel kënnen dobäi hëllefen, d'Participatioun fir d'Kanner a d‘Jugendlecher méi verständlech ze maachen. Altersgerecht Participatiounsméiglechkeete solle geschaf ginn, fir d'Kanner derbäi ze ënnerstëtzen, hir Meenung anzebréngen. Zesumme mam Personal léieren déi Jonk, partizipativ Aktivitéiten a Projeten ze gestalten, déi hiert Recht op Matbestëmmung am Alldag stäerken.
Ziele und zu erwerbende Kompetenzen:
No der Formatioun si d’Participante fäeg:
• De Begrëff „Participatioun“ am Kontext vun der Kanner- a Familljenhëllef ze verstoen an hunn Methoden a Fäegkeeten erléiert, fir an hirem Alldag an am Team participativ ze schaffen, sief et an Heemer, Wunngruppen asw.
• Kommunikatiounsbarrièren z’identifizéieren a kënne Kanner a Jugendlechen op Aenhéicht begéinen, hinnen aktiv nozelauschteren an hir Besoine besser ze verstoen.
• Visuell Hëllefsmëttel anzesetzen, fir d’Kommunikatioun mat Kanner ze vereinfachen.
• Mat de verschiddene Stufe vun der Participatioun vertraut ze sinn an ze wëssen, wéi si alters- a entwécklungsgerecht Participatiounsformën an der Praxis ëmsetzen.
• Zesumme mat Kanner a Jugendleche participativ Aktivitéiten a Projeten ze entwéckelen, déi hir Matbestëmmung am Alldag stäerken
Fortbildner:
Cynthia Goncalves
Formatrice et Educatrice diplomée, Conseillèere; Multiplikatorin Kinderstube der Demokratie
Referent
GONÇALVES Cynthia
Verfügbare Daten
Terminblock 1 (Referenz FOC_002618)*
rue Jules Wilhelm, 52
L-2728
LUXEMBOURG
-
Du 04/10/2025
von 08:30 bis 12:30
Au 04/10/2025
-
Du 04/10/2025
von 13:30 bis 16:30
Au 04/10/2025
-
Du 25/10/2025
von 08:30 bis 12:30
Au 25/10/2025
-
Du 25/10/2025
von 13:30 bis 16:30
Au 25/10/2025
verfügbare Plätze 13
* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen
Tarif
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Les formations dispensées par nos soins sont payantes 40€/1h pour toute personne qui ne s’inscrive pas avec un nr. ID de type Service d’Education et d’Accueil ou Service d’Aide à l’Enfance attribué dans le cadre du dispositif du SNJ