FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN
Zielgruppe
Personnel encadrant, Personnel de cuisine
Personnel encadrant, Personnel de cuisine
Sprache

Teilnehmer
15
Dauer
6 St.
Beschreibung
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Déi éischt Liewensjoren leeë de Grondsteen fir d’Gesondheet, de Wuesstem an d’Entwécklung vun den Iessgewunnechten. Entdeckt, wéi eng altersgerecht Ernärung d’Kanner an hirer Entwécklung ënnerstëtzt a wéi eng wichteg Roll pedagogesch Fachpersonal dobäi spillen. Dir kritt aktuellt Fachwëssen, praxisno Empfehlungen an einfach am Alldag ëmsetzbar Iddien, fir Kanner kompetent a mat Freed beim Iessen ze begleeden.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
Mat Hëllef vu konkrete Entwécklungsphasen an Alldagssituatioune gëtt d’Fachwëssen direkt mat der pädagogescher Praxis verbonnen. Zesumme reflektéiere mir typesch Erausfuerderungen, diskutéieren iwwer Léisungsusätz an entwéckelen Iddie fir den Alldag an der Praxis. Praxisno Beispiller an hëllefräich Materialien ënnerstëtzen Iech dobäi, dat geléiert sëcher an Ärer Ariichtung ëmzesetzen.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
- d’Bedeitung vun der Ernärung fir de Wuesstem, d’Gesondheet an d’Entwécklung vu Kanner ze verstoen.
- d’Ernärungsempfehlunge fir Puppelcher, Klengkanner a Kanner anzeuerdnen.
- den Iwwergang vum Braikascht op d’Familljeniessen kompetent ze begleeden.
- altersgerecht Moolzechten an Iesssituatioune pädagogesch ze ënnerstëtzen.
- dacks gestallte Froen vun den Elteren zur Ernärung fachlech ze beäntweren.
- Iessgewunnechten an d’Entwécklung vun engem gesonden Iessverhale positiv ze fërderen.
- Erausfuerderunge ronderëm d’Iessen am Betreiungsalldag besser anzeschätzen an anzeuerdnen.
Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:
- Interessi un den Themen Ernärung a Kannerentwécklung.
- Eegen Froen an Erfarungen aus dem Betreiungsalldag.
- Oppenheet fir de fachlechen Austausch.
- Schreifmaterial oder en digitalen Apparat fir Notizen ze maachen.
ROSQUIN Stephanie
Dieticienne
Referent
ROSQUIN Stéphanie (Freelance)
Verfügbare Daten
Terminblock 1 (Referenz FOC_003516)*
Avenue Gaston Diderich52b
1420
LUXEMBOURG
-
Du 12/11/2027
von 09:00 bis 12:00
Au 12/11/2027
-
Du 12/11/2027
von 13:00 bis 16:00
Au 12/11/2027
verfügbare Plätze 15
* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen
Tarif
ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu
Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.