FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN
Zielgruppe
Personnel encadrant
Personnel encadrant
Sprache

Teilnehmer
15
Dauer
7 St.
Beschreibung
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Dës Formatioun vermëttelt praktesch Iddien a Spiller, déi d’Kanner am Fräien erliewe kënnen – an dat mat engem Fokus op de plurilinguellen Aspekt. D’Zil ass et, d’Natur nei ze entdecken, natierlecht Material kreativ ze notzen a Sproochen op eng spilleresch Aart an d’Ëmweltaktivitéiten anzebannen. Mir stäerken d’Sproochentwécklung, d’Verbindung zur Natur an d’Kreativitéit vun de Kanner.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
Fir datt Dir d'Fortbildungsinhalter direkt an Ärem Aarbechtsalldag ëmsetze kënnt, gëtt op eng praxisorientéiert Methodik gesat:
Léieren duerch eegent Erliewen: All Spiller an Aktivitéite ginn an der Formatioun selwer ausprobéiert. Wat ee selwer erlieft huet, ka een dono méi einfach vermëttelen.
Direkten Transfer ouni vill Material: Mir schaffe mat Saachen, déi direkt an der Natur ze fanne sinn. Dat garantéiert eng spontan Ëmsetzung am Alldag – ouni laang Virbereedungszäit oder deiert Material.
Praxis-Reflexioun: Wärend der Formatioun verkneppe mir d'Theorie direkt mat Ären individuellen Erfarungen aus dem Alldag fir moossgeschneidert Iddien ze entwéckelen.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- d'Méisproochegkeet gezilt an Alldagsaktivitéite mat abannen
- Kanner an hirem natierleche Sproocheräichtum valoriséieren
- D’Natur als léierräichen Entwécklungsraum verstoen
- Methodesch Tools a Spiller kennen
- wësse wéi d’Natur d’Entwécklung vum Kand op ville Niveauen ënnerstëtzt
Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:
- Wiederugepasste Kleeder
- Gutt Schong fir an de Bësch
- Bidon mat Waasser
THILL Kina
éducatrice graduée
Referent
THILL Kina
Verfügbare Daten
Terminblock 1 (Referenz FOC_003425)*
(à définir)
-
Du 30/06/2027
von 09:00 bis 12:00
Au 30/06/2027
-
Du 30/06/2027
von 13:00 bis 17:00
Au 30/06/2027
verfügbare Plätze 13
* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen
Tarif
ARCUS : 0€
Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Structures sans ID : Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue (formations payantes) ou demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu
Structures avec ID : : Pour demander une session privée, veuillez nous contacter : focus.formation@arcus.lu.
Pour inscrire vos collaborateurs aux formations du catalogue, veuillez-vous rendre sur le site plattform.lu.