FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Langue, communication et médias
Literacy an Méihsproochegkeet - Wat? Wéi? A firwat?

Zielgruppe

Pädagogische Fachkräfte

Sprache

Teilnehmer

25

Dauer

8 St.

Beschreibung

Fortbildungsbeschreibung

Am Kader vun der éducation plurilingue solle Kanner räich a villfälteg Sproocherfarunge maachen, déi hier Sproochentwécklung an Astellung zur Méisproochegkeet positiv beaflossen. Dozou gehéiert och déi sougenannte Literacy. Literacy sinn Erfarungen, déi Kanner mat dekontextualiséierter oder verschrëftlechter Sprooch maachen. Zum Beispill duech d’Geschichten erzielen a virliesen, Lidder, Reimer, Fangerspiller a villes méi. Mir wëssen, dass dës Erfarungen immens wichteg fir d’Sproochentwécklung vum Kand sinn an dass e fréie Kontakt mat Literacy d’Bildungschance vun de Kanner erhéicht. Dobäi spillen awer net nëmmen d’Aktivitéiten déi mir ubidden eng Roll, mee och wéi mir dës gestalten a wéi mir dobäi mat de Kanner interagéieren. An engem méisproochege Kontext wéi Lëtzebuerg, musse mir fir dass dëst geléngt all eis Ressourcen an d’Ressource vun de Kanner notzen.  An der Formatioun léiere mir dofir, wéi mir Literacy kënnen an den Alldag an der Crèche abauen, a wéi mir doduerch d’Méisproochegkeet vun de Kanner kënne fërderen.

Ziele und zu erwerbende Kompetenzen

  • D’Erzéier*innen entwéckelen eng positiv a wäertschätzend Astellung zur Méisproochegkeet vun de Kanner.
  • D’Erzéiher*inne léieren d’Grondlage vun der Sproochentwécklung am méisproochege Kontext kennen.
  • D’Erzéiher*inne léiere wat Literacy ass a wéi eng Roll Literacy bei der Sproochentwécklung vum Kand spillt.
  • D’Erzéier*inne léieren wéi een duerch Literacy am non-formale Bildungskontext d’Sproochentwécklung vun de Kanner fërdere kann .
  • D’Erzéier*innen entwéckelen Ideeën wéi si an hierer Praxis kënnen méisproocheg Literacyaktivitéiten ubidden.

 

 

KEMP Valerie

Doktorandin/doctorante

Université du Luxembourg

Referent

Kemp Valérie

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_001460)*
Avenue Gaston Diderich50
L-1420 LUXEMBOURG

  • Du 16/09/2024 von 08:30 bis 12:30 Au 16/09/2024
  • Du 17/09/2024 von 08:30 bis 12:30 Au 17/09/2024

verfügbare Plätze 6

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Terminblock 2 (Referenz FOC_001461)*
rue Jules Wilhelm, 52
L-2728 LUXEMBOURG

  • Du 30/09/2024 von 08:30 bis 12:30 Au 30/09/2024
  • Du 01/10/2024 von 08:30 bis 12:30 Au 01/10/2024

verfügbare Plätze 6

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

Pädagogisches Fachpersonal : 0€
Les formations dispensées par nos soins sont payantes 40€/1h pour toute personne qui ne s’inscrive pas avec un nr. ID de type Service d’Education et d’Accueil ou Service d’Aide à l’Enfance attribué dans le cadre du dispositif du SNJ

Inscription pour le personnel éducatif
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?