FOCUS-ONLINE EINSCHREIBEN

Langue, communication et médias
Kamishibai als Bréck zur Méisproochegkeet - Erzielen, Verstoen, Deelhuelen

Zielgruppe

Tageseltern

Sprache

Teilnehmer

12

Dauer

6 St.

Beschreibung

Warum sollten Sie sich einschreiben?

An dëser Formatioun entdecken d`Participanten d`Methode vum Kamishibai, dat traditionellt japanescht Bildtheater, an erliewen, wéi et als wäertvollt Instrument fir d`Sproochefërderung a fir d`Ënnerstëtzung vun der Méisproochegkeet agesat ka ginn.

Unhand vu praktesche Beispiller léieren d`Fachleit:

  • wéi Biller a Geschichten als "Bréck" tëscht verschidde Sprooche funktionéieren,
  • wéi ee Schlësselwierder an zwou oder méi Sproochen aféiert,
  • wéi ee Kanner mat hirer Mammesprooch aktiv an den Erzielprozess abënnt,
  • wéi Gesten, Reimer a Lidder de Sproocherwerb ënnerstëtzen.

D`Participanten erliewen d`Geschicht am Kamishibai selwer an zwou Sproochen, reflektéieren iwwer d`Erfarung a kreéieren an enger klenger Wierkstaat hir eege kuerz Geschicht.

Nach dieser Fortbildung, sind Sie in der Lage :

Zil ass et, datt all Participant mat konkrete Praxisimpulser, Material- an Iddienräichtum an engem neie Bléck op Méisproochegkeet an den Alldag zeréckgeet.

  • Verstoe léieren, wat Kamishibai ass an wéi et als pedagogescht Instrument agesat ka ginn.
  • Erkennen, wéi Biller a Geschichten de Sproocherwerb an d’Méisproochegkeet ënnerstëtzen.
  • Kennen léieren, wéi een Erzielen a verschidde Sproochen integréiere kann (z. B. Schlësselwierder duebel nennen, zweesproocheg Geschichten, Kanner aktiv abannen).
  • Selwer ausprobéieren, eng kuerz Kamishibai-Sequenz mat méi Sproochen opzebauen a virzedroen.
  • Iwwerleeën, wéi dës Method am eegene Beruffsalltag agesat ka ginn.
  • Inspiration a Materialtipps mat an d’Hand kréien, fir Méisproochegkeet am Alldag méi lieweg ze maachen.

Methoden

  • Présentatioun
  • Gruppenarbecht
  • Austausch
  • Ureegungen an ausprobéieren vun Matérial

 

 

OSWALD Julie

Educatrice, Gérante Eisleker Haus Sàrl, Formatrice, Familljebegleederin, Kursleederin

Eisleker Haus Sàrl

Referent

OSWALD Julie

Verfügbare Daten

Terminblock 1 (Referenz FOC_003108)*

Belair

  • Du 25/04/2026 von 09:00 bis 12:00 Au 25/04/2026
  • Du 25/04/2026 von 13:00 bis 16:00 Au 25/04/2026

verfügbare Plätze 11

* Das Mittagessen ist nicht inbegriffen

Tarif

Tageseltern : 0€

Inscription pour les Assistants parentaux et Familles d’accueil
Haben Sie individuelle Anfragen oder brauchen Sie eine Praxisberatung ?